Training

– – – MELDUNG – – –

Den Training vun der Flèche du Nord gëtt ab dem 21. September 2021 rëm am Hall Omnisport Fränkie Hansen ofgehalen.


COVID-19 Info

Wéinst der aktueller COVID-19 Situatioun ginn d’Trainingskonditiounen ugepasst. Natierlech mussen d’Corona-Verhalensreegelen agehale ginn. Dëst bedeit ënnert anerem, datt ee Mondschutz verflicht ass, datt een sech virum an no dem Training d’Hänn soll wäschen an datt een de Mindestofstand tëscht anere Persoune soll anhalen.

Déi ugepassten Trainingskonditiounen si geduecht datt déi eenzel Schützen sech net sollen ustiechen. D’Trainingszäite si wéi follegt:

1. Ekipp vu 17:00 – 18:00
2. Ekipp vu 18:00 – 19:00
3. Ekipp vu 19:00 – 20:00


Training vun der Flèche du Nord – Ettelbréck

Mir trainéieren dat ganzt Joer iwwer. Am Summer trainéiere mir do baussen op eisem Terrain wou mir 20, 30, 50, 60 a 70 Meter kennen schéissen. Am Wanter schéisse mir an der Hall Omnisport Fränkie Hansen wou mir 18 Meter schéissen.

Summer Saison (15. Abrëll bis 15. September)

Op onsem Terrain an den Däichwisen, tëschent der Garage Autopolis an dem Schluechthaus laanscht d’Uelzecht; Entrée um Parking riets niewent der Garage Autopolis.

Wanter Saison (15. September bis 15. Abrëll)

An der Sportshal Fränkie Hansen zu Ettelbréck (um 1. Stack).

Mir trainéieren
Dënsdes a Freides
tëschent 17 an 20 Auer

Stage

Mir bidden den Ufänger ee Stage vun 3 Méint (oder 20 Unitéite vu jeeweils enger Stonn), inklusiv néidegt Material dat vum Club gestallt gëtt, fir 50 Euro un. Dono keeft de Schütze sech säin eegene Bou (mat Berodung vum Trainer) oder en léint d’Material weider vum Club.

Schéissterrain mat Iwwerdaach