Training

Hei ass eisen Trainingsprogramm:

Mir trainéieren
Dënsdes a Freides
tëschent 17 an 20 Auer

Summer Saison (15. Abrëll bis 15. September)

Op onsem Terrain an den Däichwisen, tëschent dem Frëschezenter an dem Schluechthaus laanscht d’Uelzecht; Entrée um Parking riets niewent dem Frëshezenter.

Wanter Saison (15. September bis 15. Abrëll)

An der Sportshal Fränkie Hansen zu Ettelbréck (um 1. Stack).

Stage

Mir bidden den Ufänger ee Stage vun 3 Méint, inklusiv néidegt Material dat vum Club gestallt gëtt, fir 50 Euro un. Dono keeft de Schütze sech säin eegene Bou (mat Berodung vum Trainer) oder en léint d’Material weider vum Club. De Mindestalter ass 10 Joer.

Schéissterrain mat Iwwerdaach