De Club

De Club gouf 1976 gegrënnt.

Haut besteet en aus ronn 60 Memberen aus all Altersklass an aus all Kategorie.

Obwuel Bouschéissen an éischter Siicht een individuell Sport ass, kommen duerch d’Turnéiere mat anere Clibb och Team Elementer mat dobäi.

D’Flèche du Nord organiséiert all Joer zwee Turnéieren:

  • D’Festival des Distances do baussen am Stadion (FITA an Tir Fédéral)
  • Prix International de la Ville d’Ettelbruck an der Hall Omnisport Fränkie Hansen (2x18m)

Eis Memberen sinn bei all Turnéier vun der FLTA – Indoor wéi Outdoor – mat dobäi.

An der Wanter Saison 2019-2020 war d’Flèche du Nord mat enger Ekipp fir Recurve am Interclub mat dobäi.

Konzentratioun, Prezisioun, Kierperbeherrschung an Zielgenauegkeet spille bei eis eng grouss Roll.

Bouschütze mat Recurve Bou

Member ginn

Fir Member vun der Flèche du Nord ze ginn muss een den Comité vun der Flèche du Nord kontaktéieren. Ier dier décidéiert Member ze ginn, kommt roueg mol ee gratis schnupper Training machen.

Fir d’Memberschaft ginn et zwee järlech Tariffer:

  • Jugendlechen (10 bis 18 Joer): 25 Euro
  • Erwuessenen (ab 18 Joer): 40 Euro

D’Memberschaft Teriffer gellen fir ee ganzt Joer. Memberen kënnen ab 10 Joer ufänken am Klubb.