Bouschéissen ass ee Sport den Prezisioun, Konzentratioun a Kierperbeherrschung vum Tireur verlangen. Dozou kommen nach d’Wëssen iwwert déi néideg Technique an iwwert d’Material. Wéi ee Material dat ass hängt ganz vun der Kategorie of an der ee schéisst. Fir Jiddereen ass eppes dobäi.
Kategorien
Et ginn prinzipiell 3 Kategorien am Bouschéissen, je nodem wéi ee Bou een benotzt.
Blankbou
Ee Bou, eng Seen, Feiler, a vill Training, vill méi ass et net.
Recurve
Déi Olympesch Variant déi op Blankbou opbaut, awer vill méi modern ass.
Compound
Déi High-Tech Variant fir Feiler op eng Scheif ze kréien.
Altersklassen
Dem Alter no ginn d’Tireuren an Altersklassen agedeelt. Déi sinn:
- Minime (ënnert 12 Joer)
- Scolaire (13 bis 14 Joer)
- Cadet (15 bis 17 Joer)
- Junior (18 bis 20 Joer)
- Senior (21 bis 49 Joer)
- Veteran (50 Joer a méi)