Turnéieren

D’Flèche du Nord organiséiert all Joer zwee offiziell Turnéieren:

  • D’Festival des Distances do baussen am Stadion (FITA an Tir Fédéral)
  • Prix International de la Ville d’Ettelbruck an der Hall Omnisport Fränkie Hansen (2x18m)

Outdoor Turnéier 2026

D’Flèche du Nord hällt dëst Joer nees hiert Outdoor Tounéier den 14. Mee 2026 am Stade Municipal zu Ettelbréck. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt. Dëst Joer och nees mat enger WA 1440 Ronn, och als FITA Ronn bekannt. W.e.g. umellen bis spéidstens den 9. Mee.