Aktivitéiten

D’Flèche du Nord as bei verschiddenen Aktivitéiten vun der Gemeng Ettelbréck dobäi an mecht selwer och divers Aktivitéiten.

Familjefest 2025

12. Juni 2025

Familjefest fir d’Memberen vun der Flèche du Nord Ettelbréck an hier Familjen.

Outdoor Turnoi 2025

29. Mee 2025

Outdoor Turnoi vun der Flèche du Nord Ettelbréck.

1. Mee Atelier

1. Mee 2025

D’Flèche du Nord huet den 1. Mee op onserem Terrain bei der Buddy-Rookie Challenge matgemaach. D’Memberen hunn och herno aus Spaass op eis 3D-Zieler geschoss. Zum Schluss gouf et nach Eppes leckeres vum Grill.

3D Schéissen zu Biersdorf am See

22. Mäerz 2025

D’Flèche du Nord huet sech nees zu Biersdorf am See um 3D Parkour getraff fir bei gudder Ambiance op engem schéine Fréijoersdag hiert Kënnen ze testen.

National Outdoor Championnat 2024

14. Juli 2024

Eis Memberen hunn um Nationalen Outdoor Championnat 2024 deel geholl. Vun 8 Leit déi mat gemaach hunn, krut ee vun eise Memberen déi éischt Plaz 🥇, véier Memberen hunn déi zweet Plaz 🥈 krit an zwee Memberen stungen op der drëtter Plaz 🥉. Déi genau Resultater sinn op Ianseo verëffentlecht.

3D Schéissen zu Biersdorf am See

15. Oktober 2023

D’Flèche du Nord huet sech zu Biersdorf am See um 3D Parkour getraff fir sech un denen eenzelen Déieren ze moossen.